Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Appellsgeriicht: Riichter géint Affekot: Affer hält un Intimidatioun an Outrage fest

Um Geriicht war e Méindeg den Appellsprozess vum Untersuchungsriichter Rodrigues géint de Me Lutgen ugaangen.

De Jurist war an 1. Instanz zu 2.000 Euro Geldstrof an engem symboleschen Euro un de Felipe Rodrigues verurteelt ginn, dat wéinst Beleidegung.

Den André Lutgen hat deemools E-Mail un déi deemoleg Ministere Braz a Schneider geschéckt an un de Procureur général Solovieff, well den Untersuchungsriichter net op seng Maile reagéiert hat. Deemools goung et em eng Stroumkëscht bei Arcelor Mittal, déi no engem Aarbechtsaccident versigelt gouf. Dëst hätt kéinte zu Produktiounsausfäll féieren, et stoung e méigleche Schued vun 20 Milliounen Euro d'Woch am Raum an de Chômage technique fir ronn 200 Leit.

De Virworf vun der Intimidatioun hat d'Geriicht am Dezember net zeréckbehalen. Elo am Appellsprozess betount de Me Prum, Affekot vum André Lutgen, dass och eng Verurteelung wéinst Outrage fir en Affekot schlëmm ass, well de Parquet Affekoten dann indirekt géing soen, wéi se sech ze behuelen hätten. D'Defense vum Felipe Rodrigues, dee selwer Partie civile an der Affär ass an deemno net kann als Zeie gehéiert ginn, hält awer um Reproche vun der Intimidatioun an dem Outrage fest. Am Mail, deen den André Lutgen un déi deemoleg Ministere Braz a Schneider an un de Procureur général Solovieff geschéckt hat, hätt hien den Untersuchungsriichter wëllen ënner Drock setzen. E Mëttwoch plädéiert dann de Procureur général adjoint.