Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Bannent de leschten Deeg: Eng Partie Abréch a geparkte Gefierer

Zanter leschter Woch gouf op e puer Plazen am Land a geparkte Gefierer agebrach.

Schonn d'lescht Woch haten Onbekannter an der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg e Rucksak a Kopfhörer aus engem Gefier, dat an der Rue du Fort Neipperg am Stater Garer Quartier geparkt war, geklaut.

E Mëttwoch de Moie gouf dann eng Scheif vun engem Auto an der Rue Nicolas Victor Colbert zu Luerenzweiler ageschloen an zu Dikrech am Broch hat de Besëtzer vun engem Auto en Déif iwwerrascht, dee grad amgaange war, säin Auto ze duerchwullen. Den Täter ass doropshi geflücht.

Och an der Rue des Noyers an an der Rue Irbicht zu Biereng hat en Déif d'Scheiwe vun Autoen ageschloen a Saachen aus dëse geklaut. Dat nämmlecht war an der Rue Weneclas am Garer Quartier an der Stad de Fall. Hei goufen Zigarette geklaut.

An der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg gouf dann an zwee Gefierer, déi zu Hielem an der Rue de Helmdange stoungen, agebrach.