Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Basketball-Championnat: Walfer wënnt Derby géint Steesel

Um Samschdeg war den Optakt vum zweete Spilldag am Basketchampionnat an der LBBL bei den Dammen an den Hären.

Hären

Zu Steesel koum et zum Derby tëschent der Amicale an dem Noper Résidence Walfer. An der éischter Hallschent hunn d’Spectateuren en ausgeglachene Match gesinn, d’Gäscht vu Walfer si mat enger klenger Féierung vu 4 Punkten an d’Paus gaangen (37:33). Am drëtte Véierel konnt sech Walfer eng éischt Kéier ofsetzen a louch 16 Punkte vir. Steesel huet sech awer nees zeréck an de Match gekämpft an de Réckstand op 4 Punkte verkierzt, nach ware ronn 5 Minutten ze spillen. D’Gäscht hunn awer net zougelooss, dass hire Virsprong weider schrumpft a setze sech no 40 Minutte mat duerch. De Leon Ayers huet mat 30 Punkten iwwerzeegt, och e gudde Match hat de Nationalspiller Oliver Vujakovic mat 18 Punkten.

Gutt an d’Saison gestart ass den Opsteiger Mamer, dee sech an der Fiels mat behaapt an domat 2 Victoiren um Konto huet. Den Amerikaner Antunio Bivins war mat 36 Punkten net ze stoppen. De Champion Basket Esch konnt sech auswäerts géint den Opsteiger Kordall Steelers am drëtte Véierel entscheedend ofsetzen, um Enn gewënnt d’Ekipp vum Trainer Franck Mériguet . Den Thomas Grün huet dobäi 27 Punkte markéiert.

D’Sparta Bartreng bleift ongeschloen an der neier Saison no enger -Victoire virun eegenem Publikum géint d’MuselPikes. Zwar louch d’Heemekipp nom éischte Véierel am Réckstand, huet de Match awer duerno dominéiert.

Spannend bis zur Schlusssireene war de Match tëschent dem Gréngewald Hueschtert an dem T71 Diddeleng. D’Gäscht gewannen um Enn mat 88:85, de Gréngewald hat a Persoun vum Nicolas Hittelet d’Geleeënheet de Match auszegläichen, de leschte Schoss ass awer net eragaangen.

Um Sonndeg steet nach ee Match um Programm, d’Etzella Ettelbréck spillt um 17:15 Auer géint den AB Contern.

Dammen

Am Spëtzematch bei den Damme stounge sech d’Sparta Bartréng an den T71 Diddeleng géintiwwer. D’Heemekipp ass staark an de Match gestart, dat ënner dem Impuls vum Lena Mersch (11 Punkten am éischte Véierel). D’Ekipp vum Trainer Mike Feyder huet den Tempo héich gehalen a war an der Paus 46:35 a Féierung. D’Sparta huet hire Virsprong no der Paus bis op 14 Punkten ausgebaut. Du koum awer d’Reaktioun vun Diddeleng: An den éischten 2 Minutte vum leschte Véierel hunn d’Gäscht 10 Punkte markéiert an d’Féierung iwwerholl. Domat haten d’Gäscht de Match komplett gedréint a gewannen um Enn . Mam Shalonda Winton (24 Punkten), Ehi Etute (21) a Mandy Geniets (20) hunn 3 Diddelenger Spillerinnen vill Punkte markéiert. 31 Punkte vum Martha Burse sollten net duergoe fir d’Sparta.

De Champion Gréngewald Hueschtert ass souverän an d’Saison gestart. An eegener Hal huet d’Ekipp vum Trainer Francois Manti sech kloer mat géint d’Musel Pikes duerchgesat. Dobäi konnten 10 Spillerinne Punkte markéiere fir d’Heemekipp.

D’Amicale Steesel gewënnt no enger staarker zweeter Halschecht mat géint Zolwer, mat 38 Punkten war d’Mikayla Ferenz déi beschte Spillerin um Terrain. Wolz setzt sech an engem enke Match mat géint de BasketEsch duerch. Fir d’Gäscht war et déi zweete Néierlag zum Start vun der Saison. Mat 22 Punkten an 19 Rebounds huet d’Nicole Fransson e staarke Match fir d’Heemekipp gespillt.

RTL