Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Basketball EuroCup: De Gréngewald an Diddeleng verléieren den drëtte Match

Um Mëttwoch hunn de Gréngewald Hueschtert an den T71 Diddeleng den drëtte Match vum EuroCup gespillt.

Diddeleng krut virun eegenem Publik géint Gorzow aus Polen vun Ufank u gewisen, wien de Favorit ass. D'Gäscht louchen no 10 Minutte schonn mat 26:11 a Féierung an hunn och de Rescht vum Match dominéiert. Iwwer 55 Prozent vun de Schëss vum Géigner sinn am Kuerf gelant an um Enn stoung eng kloer 53:93-Defaite fir Diddeleng um Pabeier. D'Mia Loyd hat mat 17 Punkten déi meeschte fir d'Lokalekipp markéiert.

De Gréngewald war auswäerts beim Toppclub Bourges a Frankräich gefuerdert. An der Paus louch de Lëtzebuerger Champion 22:50 hannen, um Enn konnt sech d'Lokalekipp mat 93:59 duerch. De Gréngewald konnt de leschte Véierel mat 20:16 gewannen, d'Lauren Van Kleunen huet 26 Punkte fir d'Gäscht markéiert.

No 3 vu 6 Spilldeeg hu béid Lëtzebuerger Ekippen 3 Defaiten um Kont stoen a stinn an hirem Grupp op der véierter Platz. Vun den insgesamt 48 Ekippe komme jeeweils déi 2 Gruppenéischt an déi 8 beschten drëttplacéiert Ekippen an de nächsten Tour. Weider geet et nächste Mëttwoch, de Gréngewald spillt auswäerts an Tschechie géint Brno, Diddeleng kritt doheem Besuch vu Spar Girona aus Spuenien.