Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Bierg-Karabach: UN-Missioun op der Plaz ukomm

No enger Militäroffensiv vum Aserbaidjan sinn iwwer 100.000 Armenier aus der Regioun op der Flucht.

Eng UN-Missioun ass an der Regioun Bierg-Karabach ukomm. Dat an der Haaptsaach fir ze kucken, wat d'Leit un humanitärer Hëllef brauchen. Dëst ass déi éischte Kéier an 30 Joer, dass esou eng Missioun an d'Regioun gelooss gouf.

Armenesch Separatisten, déi d'Regioun iwwer dräi Joerzéngte kontrolléiert hunn, hu sech bereet erkläert, hir Waffen néierzeleeën, hir Regierung opzeléisen an erëm en Deel vun Aserbaidjan ze ginn. Dat nodeems den Aserbaidjan eng militäresch Offensiv lancéiert hat. Mëttlerweil si quasi all d'Armenier aus Bierg-Karabach op der Flucht. Hei hunn eng 120.000 Leit gelieft. Ma si fäerten elo brutal Repressioune vun den aserbaidjaneschen Truppen.