Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Cardoso opkafen?: "Eng schlecht Iddi", sou d'Handwierkerkummer

No der Faillite vun der Baufirma Manuel Cardoso Constructions haten Déi Lénk jo proposéiert, datt de Staat d’Firma opkeeft.

De Staat soll dann doraus déi éischt ëffentlech Wunnengsbaufirma maachen.

D’Chambre des métiers, déi d’privat Handwierkbetriber vertrëtt, fënnt dat keng gutt Iddi. De Chefekonomist bei der Handwierkerkummer, den Norry Dondelinger freet nämlech : "Wann een dat fir dee Betrib mécht, firwat net bei aneren?". A sengen Ae kéint de private Secteur awer och méi effizient schaffen ewéi ee staatleche Betrib.

Déi zwee ëffentlech Promoteuren (de Fonds du Logement an d’Société nationale des habitations à bon marché) géingen - sou den Norry Dondelinger - selwer soen, se kéinte manner séier bauen ewéi de Privatsecteur. Dat well déi ëffentlech Promoteure méi gesetzlech Contrainten hätten notamment mat de Marchés publics.