Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Cargozenter: Personal fuerdert Garantien - Protestpiquet blockéiert Stroosse viru LuxAirport

D'Gewerkschaften OGBL, LCGB an NGL-SNEP hunn e Protestpiquet organiséiert, bei deem d'Mataarbechter vum Cargozenter hir Fuerderunge kloer maachen.

Et geet drëms, datt d'Luxair sech aus dem Handling vum Cargozenter zréck zitt. D'Leit maache sech Suergen, wéi et weidergeet, hu vill Froen a fille sech vun hirem aktuelle Patron am Stach gelooss. Eng 1.200 Salariée si betraff.

Ufank August war jo bekannt ginn, dass de Verwaltungsrot vun der Luxair decidéiert hat, sech aus dem Handling am Cargozenter zeréckzezéien. Doriwwer weise sech vill Salariéen enttäuscht. Et hätt ee léiwer gehat, d’Airline hätt d’Soumissioun weider iwwerholl, ass vu Gewerkschaftssäit ze héieren. Elo fäert een ëm sozial Acquisen.

RTL

D'Gewerkschafte gesinn hei zwee Problemer: No 27 Joer wëll d'Luxair d'Aarbechter am Cargozenter net méi beschäftegen an d'Direktioun schéngt sech keng Suergen ëm hir Employéen ze maachen, seet den LCGB-Vertrieder Paul de Araujo. Zil vun der Gewerkschaft ass et, fir d'Acquisen, déi am Kollektivvertrag vun der Luxair fir d'Personal drastinn, ofzesécheren. An och wëll een dat jorelaangt Engagement vun de Salariéen unerkenne loossen. Fir dës Saachen ze klären, haten d'Gewerkschafte scho verschidde Reunioune mat de Vertrieder vun der Luxair a weider Gespréicher si geplangt. D'Aarbechter wëlle Garantië vun hirem Patron an en Engagement, datt hir Acquise garantéiert bleiwen.

Protestpiquet um Findel / Interview Diana Hoffmann

Den Delai vun den ëffentlechen Ausschreiwunge leeft Enn Oktober aus. D'Luxair bedeelegt sech wéi gesot net dodrun. Dräi Acteure wieren interesséiert, hat et geheescht, dorënner och d'Cargolux.

Perturbatiounen am Trafic

D'Police hat schonn en Donneschdeg viru méigleche Perturbatiounen am Trafic ronderëm de Findel gewarnt. Dëst sollt dann och antrieden. Kuerz no 9 Auer koum d'Confirmatioun vun der Plaz, datt et zu Problemer am Trafic koum, well d'Manifestanten d'Stroossen, an haaptsächlech de Rond-point virum LuxAirport, blockéieren. De Réckstau ass deels esouguer bis zeréck op d'Autobunn gaangen. Beamte vun der Police wéi och de Policehelikopter waren am Asaz.

Eng 150 Manifestante haten de Rond-point blockéiert, fir op hir Situatioun opmierksam ze maachen. Duerch de Protestmarsch vum Ibis-Hotel a Richtung Findel, dee sech verzögert huet, huet och d'Ried vum LCGB-Vertrieder Paul de Araujo, déi fir 9.15 Auer geplangt war, méi spéit ugefaangen.