Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Claude Turmes: Déi aktuell Primme fir Elektroautoe sollen iwwer 2024 eraus verlängert ginn

Där Meenung ass de Claude Turmes. De gréngen Energieminister sot dat bei Geleeënheet vum Bilan vun der Legislatur a puncto Elektromobilitéit.

D'Ventë géinge boomen, heescht et vum Mobilitéitsminister François Bausch. D'Part de marché vun Elektro an Plug-In-Hybrid-Gefierer léich entretemps bei iwwer 30%. 4,3 % vum Lëtzebuerger Fuerpark fiert reng elektresch. Am europäesche Verglach wier dat e ganz héijen Taux, sou d'Ministeren. Zënter 2018 huet de Staat 180 Elektroautoen a 85 Plug-In-Hybride fir seng Zerwisser kaaft.

2025 soll d'Hallschent vum Bus-Kilométrage elektresch gefuer ginn.

A punkto Infrastruktur gëtt et 2.000 ëffentlech Lued-Plazen.

98% vun de Leit hunn am Ëmkrees vu 5 km eng Borne, sou nach de Claude Turmes.