D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm een op 1.079 geklommen ass.
Aktuell sinn 5 Persounen hospitaliséiert, dovunner ee Patient op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.282.726 Impfdosisse genotzt.
D'Reproduktiounszuel läit bei 1,23. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck