Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coupe de Luxembourg: D'Fola setzt sech spéit géint Baastenduerf duerch

E Samschdeg stoungen déi éischt dräi Partië vum zweeten Tour um Programm. Mat der Fola an der Jeunesse waren zwee Escher Veräiner am Asaz.

D'Fola Esch steet als éischt Ekipp am nächsten Tour vun der Coupe de Luxembourg. Déi Rout-Wäiss hate Krämpes, mee gewannen um Enn géint Baastenduerf aus der 1. Divisioun. Den Tabelleleschten aus der BGL Ligue hat déi éischt Grousschance vum Match an och kloer méi Ballbesëtz, mee Baastenduerf huet sech net verstoppt.

An der zweeter Hallschent ass de Match verflaacht, mat eenzele Chancen op béide Säiten. Wéi jidderee sech op eng Verlängerung agestallt hat, ass der Fola an der 86. Minutt nach den decisive Gol gegléckt. Domat gouf Baastenduerf wéi an der leschter Saison an der zweeter Ronn vun der Coupe eliminéiert.

De grousse Rival vun der Fola, d'Jeunesse Esch, hat manner Problemer mam FC Schengen. Déi Schwaarz-Wäiss gewanne am Dräilännereck. Den FC Schengen war an der 12. Minutt a Féierung gaang, mee d'Jeunesse konnt am Géigenzuch ausgläichen. Déi Escher haten och bis zur Paus nach eng Rei Chancen, krute se awer net am Gol ënner.

Och nom Säitewiessel war et e montere Match, an deem béid Ekippe d'Chance op den 2:1 haten. Et war awer den Irvin Latic, deen an der 72. Minutt fir d'Jeunesse markéiere konnt. Nom 3:1 kuerz drop war dem FC Schengen den Zant gezunn an Esch konnt de Score nach ëm zwee Goler erhéijen.

E Sonndeg stinn déi reschtlech Matcher mat ë.a. dem Tabelleleader a Coupegewënner Déifferdeng, dem Finalist Miersch an dem Champion Hesper um Programm.

Den Iwwerbléck vun de Resultater