Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Cumul vu Muecht oder Representatioun vu lokalen Interessen?: Sinn d'Duebelmandater nach zäitgeméiss?

Cumul vu Muecht oder Representatioun vu lokalen Interessen?

Kaum een Aspekt vun der Lëtzebuerger Politik ass esou ëmstridden, wéi déi ominéis Duebelmandater.

Ass et ubruecht, dass eng Persoun gläichzäiteg Buergermeeschter respektiv Schäffen an Deputéierten ass? D'Kritiker soen, dass de Cumul vu Mandater aus demokratietheoretescher Siicht e Probleem ass. Als Argument fir d'Duebelmandater gëtt dacks ugefouert, dass duerch d'Deputé-mairen déi lokal Interessen och op nationalem Niveau vertruede ginn.

Ma wéi demokratesch ass dës Representatioun vu lokalen Interessen an der Chamber iwwerhaapt?

D'Stephanie Feipel vum Zentrum fir politesch Bildung geet nach eng Kéier méi am Detail op de Pro a Kontra vun den Duebelmandater an:

D'Positioune vun de Parteien

Punkto Duebelmandater hu mir d'Parteie Folgendes gefrot:

Sollen d'Duebelmandater ofgeschaaft ginn?

Dat halen d'Parteie vum Enn vun den Duebelmandater

Sollen ofgeschaaft ginn: LSAP, ADR, Fokus, Volt, Konservativ, Déi Lénk

Sollen ofgeschaaft ginn, allerdéngs brauch et da weider Adaptatiounen: Déi Gréng, CSV

Sollen deelweis ofgeschaaft ginn: Piraten

Et solle Reformen an en Debat iwwer d'Duebelmandater ginn: DP

Solle bäibehale ginn: KPL

Hei fannt Dir d'Äntwerten am Detail nokucken