Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Cuxhaven an Däitschland: Doud blouf zwee Méint onbemierkt - Kaz frësst hire verstuerwene Besëtzer

Méintelaang blouf den Doud vun engem Mann, deen eleng a senger Wunneng verstuerwen ass, onbemierkt. Fir seng Kaz war et e Kampf ëm d'Iwwerliewen.

D'Police huet der "Bild" confirméiert, datt een Noper sech Mëtt September bei hinne gemellt hätt, well hien de Mann scho méi laang net méi gesinn hätt a sech Suerge géif maachen. Mat engem Zweetschlëssel sinn d'Beamten doropshin an d'Wunneng gaangen an hunn den 43 Joer ale Mann dout opfonnt.

Eng eendeiteg Doudesursaach konnt no esou laanger Zäit net méi festgestallt ginn, allerdéngs konnt d'Geriichtsmedezin ausschléissen, datt eng aner Persoun um Doud vum Mann bedeelegt war.
D'Kaz vum Mann, déi déi zwee Méint an der Wunneng festsouz, koum no der grujeleger Decouverte an engem schlechten Zoustand an d'Déierenasyl. Fir net ze verhongeren, hat si an deenen zwee Méint ugefaangen, un hirem Besëtzer ze friessen. Ee Virsëtzende vum Asyl sot de "Cuxhavener Nachrichten": "An den éischten Deeg streunen d'Déieren nach ëm dech ronderëm, iergendwann gesi se dech dann als Iessen un." An den éischten Deeg am Déierenasyl hätt sech d'Kaz nach déi ganzen Zäit ënnert engem Kësse verstoppt, si géif elo awer nees opgepäppelt ginn.