Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Dammefuttball: Charlotte Schmit wiesselt bei den SC Freiburg

Déi 16 Joer jonk Lëtzebuerger Futtball-Nationalspillerin wiesselt am Summer bei de 6. aus der Bundesliga.

D'Charlotte Schmit soll fir d'éischt an der U20 an den Asaz kommen a sou séier ewéi méiglech an déi éischten Ekipp integréiert ginn. Parallel wëll d'Mëttelfeldspillerin och nach de Fokus op d'Schoul leeën. Et wäert bei eng Gaaschtfamill wunne goen an eng Schoul besichen, déi mam SC Freiburg zesummeschafft. Nieft de Verhandlunge mam Veräin aus dem Breisgau gouf och nach Kontakter zum Standard vu Léck, PSG a Bayern München.

D'Charlotte Schmit huet mat 4 Joer beim US Hueschtert bei de Bambinis Jongen ugefaangen, mat Futtball spillen, an huet och tëscht 2017 an 2020 dräi Mol d'Woch mat den FLF-Jonge kënnen trainéieren. Mat 14 Joer ass d'Charlotte Schmit an déi éischten Ekipp vun der Entente Wuermer gewiesselt.

Den éischte Testlännermatch mat der Dammennationalekipp huet si am Abrëll 2021 gespillt an deen éischten offizielle Match e Joer méi spéit an der WM-Campagne géint Lettland, wou een op d'mannst 16 Joer muss hunn, fir dierfen ze spillen.