Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

De Sonndesinterview mat zwou Mammen, déi e Kand verluer hunn: "Ech war net komplett, well ech d'Klinik mat eidelen Äerm verlooss hunn"

D'Zil vun enger Schwangerschaft ass et d'Maternité mat sengem Puppelchen am Aarm ze verloossen. Fir d'Sarah* an d'Julie* ass dat net esou verlaf.

Dëse Samschdeg war d'Stärenzeremonie vum CHL, wou un déi Puppelcher geduecht gëtt, déi nach wärend der Schwangerschaft gestuerwe sinn oder kuerz no der Gebuert. Hei hu mir och d'Sarah an d'Julie kennegeléiert. Zwou Mammen, déi eppes verbënnt: Si hunn allen zwee eng schwéier Entscheedung missen treffen an hire Puppelche goe gelooss.

"Mir hu laang iwwerluecht a laang gekämpft"

D'Sarah ass 30 Joer al. Si an hire Mann wollten onbedéngt e Kand hunn. D'lescht Joer war et du souwäit an d'Sarah ass schwanger ginn. Hiert d'Meedche sollt dësen Abrëll op d'Welt kommen. Wärend der Schwangerschaft fält awer op, dass mam Bëbee net alles an der Rei ass. Et ginn Tester gemaach an d'Resultat bréngt Kloerheet: Hiert d'Meedchen huet Beanträchtegungen.

Uganks huet et nach geheescht, dat kéint een operéieren, mee mat der Gesondheet vum Bëbee ass et ëmmer méi biergof gaangen. Schonn e puer Woche virdrun ass d'Koppel mat der Fro konfrontéiert ginn, ob een d'Schwangerschaft wéilt ofbriechen. "Mir hu laang iwwerluecht a laang gekämpft. Et ass eng schwéier Entscheedung. Op der enger Säit erléist ee säi Kand an op der anerer Säit bréngt ee säi Kand ëm", erzielt d'Sarah.

Wéi ëmmer méi Komplikatioune kommen, entscheeden d'Sarah an hire Mann hiert d'Meedchen ze erléisen. "Et wier net liewensfäeg gewiescht. Souguer wann et op d'Welt komm wier, hätt et just u Maschinne gehaangen a wier just vläicht zwou Woche bei eis gewiescht."

Hire Puppelchen ass an der 30. Schwangerschaftswoch, wéi d'Sarah duerch e Fetozid muss. Also e Prozess, wou de Bëbee doutgemaach gëtt. Duerno huet d'Sarah d'Kand nach accouchéiert. Eng schlëmm Situatioun fir d'Koppel an d'Ëmfeld. Nom Accouchement hate si de Puppelchen awer nach eng Stonn am Aarm a konnten esou Äddi soen.

"Déi éischt Zäit war schwéier. Eist Meedche war eist Zil. Mir haten dunn eist Zil verluer an et huet ee sech wierklech gefrot, firwat ee moies nach opsteet." Déi grouss Ënnerstëtzung vun der Famill hätt definitiv gehollef. Mee et gëtt awer och e weidere Support. D'Sarah an hire Mann erwaarden e Kand. Am Februar soll hiert "Stärekand" dann e klenge Brudder kréien. An dat géif d'Situatioun vereinfachen.

Et wier awer och wichteg doriwwer ze schwätzen. Sou erzielt d'Sarah hirem Bëbee elo scho vu senger grousser Schwëster. Op der Stärenzeremonie hunn d'Sarah an hire Mann dann elo den Numm vun hirem Meedchen op e Stär geschriwwen an dësen um Stärenhimmel opgehaangen. E Moment, wou si ganz vill un hire Puppelche geduecht hunn an nach eng Kéier Äddi soe konnten.

"Et ass ëmmer nach en Tabu"

Och d'Julie an hire Mann kennen d'Situatioun vum Sarah nëmmen ze gutt. Si hunn déi Situatioun nämlech viru véier Joer missen duerchmaachen. Scho wärend der Schwangerschaft war kloer, dass de Puppelche net gesond ass. Trotz Tester konnt een net wierklech erausfannen, wat de Problem war. Am 7. Mount dunn stoung awer fest, dass d'Kand net liewensfäeg ass an d'Julie an hire Mann haten eng Decisioun ze treffen.

"Et war déi schlëmmsten Entscheedung, déi ech a mengem Liewen hu missen treffen. An d'Leit dobaussen hunn et net verstanen. Ech mengen, dës Situatioun kann een net novollzéien, wann een et net selwer erlieft huet."

Wéi d'Sarah hunn och d'Julie an hire Mann sech dofir entscheet, hire Puppelchen nach ze gesinn, ier si fir ëmmer missen Äddi soen. "Et kléngt näischt komesch, mee trotz dëser Tragedie war et fir mech e magesche Moment."  D'Personal vun der Maternité wieren och eng grouss Ënnerstëtzung gewiescht. "Ech war komplett nieft der Spuer. Mee si op menger Säit ze wëssen, huet mir immens gehollef."

D'Julie huet sech dofir entscheet, déi psychologesch Ënnerstëtzung vum CHL an Usproch ze huelen. "Ech wousst, wou ech d'Maternité verlooss hunn, dass de Wee net ofgeschloss ass. Ech war net komplett, well ech d'Klinik mat eidelen Äerm verlooss hunn." Nach Méint duerno ass si reegelméisseg bei d'Sylvie Langermann gaangen, Psychologin op der Neonatologie an an der Maternité. An dat och, wou d'Julie scho mat hirem zweete Kand schwanger war.

"D'Leit dobaussen hunn d'Trauer net verstanen. Si soten: 'Maach der keng Suergen dat nächst Kand kënnt'. Mee en zweet Kand kann dat éischt dach net ersetzen!" Allgemeng wéilten d'Leit dacks net iwwer de Sujet schwätzen. Entweder, well et en Tabu ass oder well se net doriwwer informéiert wieren.

Ma och wann hire klenge Bouf net lieweg op d'Welt koum, wier et awer hiert d'Kand an e Verloscht, deen ee betrauert. Hie wier elo 4 Joer al, ass um Bëschkierfecht begruewen a kritt hei reegelméisseg Besuch vu sengen zwou klenge Schwësteren. Dozou erzielt d'Julie eis nach: "Ech si frou, dass ech duerno zwee Meedercher krut. Ech hat jo scho mäi klenge Jong. Bei all Schwangerschaft hunn ech gehofft, dass et Meedercher ginn, einfach well ech net wousst, wéi ech anescht géif reagéieren. Mee Haaptsaach gesond."

*Aus Respekt a fir d'Famill ze schützen, huet d'Redaktioun den Numm vun den zwou Damme geännert.