Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Duerchbroch am Mordfall Tupac?: Police vu Las Vegas huet 27 Joer dono elo e Verdächtege festgeholl

Duerchbroch am Mordfall Tupac?

Den Duane "Keffe D" Davis gouf e Freideg de moie verhaft, wéi Sky News mellt.

D'Police vu Las Vegas huet de Mann wéinst den déidleche Schëss op de Rapper Tupac Shakur am Joer 1996 festgeholl. Hie soll mat deem Fall a Verbindung stoen. Wat genee him virgeworf gëtt, ass aktuell awer nach net gewosst.

Op den Tupac gouf de 7. September 1996 zu Las Vegas geschoss. Hie war mat e puer Frënn de Boxkampf vum Mike Tyson géint de Bruce Seldon am MGM Grand Hotel zu Las Vegas kucken.

Méi spéit ass op säin Auto geschoss ginn, an deem hie mat sengem Kolleeg Suge Knight souz. Béid koumen nach an d'Spidol, ma den Tupac ass do den 13. September gestuerwen, dat am Alter vu 25 Joer.

D'Dot ass bis haut net opgekläert.