Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ee Joer Annexioun: Russland séchert annektéierte Gebidder Neesopbau zou

Den 30. September 2022 hat de Wladimir Putin Verträg ënnerschriwwen, fir 4 ukrainesch Gebidder un déi russesch Federatioun ze annektéieren.

Déi vu Russland annektéiert Gebidder Cherson, Saporischschja, Donezk a Luhansk sollen nees opgebaut ginn. Dat huet de Wladimir Putin e Samschdeg um éischten Anniversaire vun der Annexioun zougeséchert.

An engem Videomessage, dee vum Kreml publizéiert gouf, schwätzt de russesche President vun "Schoulen, Klinicken, Wunngebaier a Stroossen, mä och Muséeën an Denkmaler", déi solle renovéiert oder nei opgebaut ginn.

Den 30. September 2022 hat de Wladimir Putin no Referenden, déi international net unerkannt ginn, Verträg ënnerschriwwen, fir déi 4 ukrainesch Gebidder un déi russesch Federatioun ze annektéieren.

D'Ukrain féiert zanterhier eng Géigenoffensiv fir dës Regiounen an der Süd- an Ostukrain vun der russescher Besatzung ze befreien.

Op der Rouder Plaz zu Moskau hunn iwwerdeems e Freideg dausende Mënschen den éischte Joresdag vun der Annexioun vu 4 ukrainesche Regiounen duerch Russland gefeiert. Et gouf e Concert organiséiert, fir d'Annexioun ze feieren.