Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Engagementspräis : D'Schoul gëtt eppes eraus an d'Gesellschaft

Demokratie bedeit net just, bei Wale matzebestëmmen, mee och sech duerch Engagement an der Gesellschaft anzebréngen.

Den Engagementspräis, deen e Mëttwoch fir d’éischte Kéier vergi gouf, wëll genau dat: Klassen auszeechnen, déi sech besonnesch engagéieren an hire Projet no baussen an d'Gesellschaft droen. All zwee Joer wëll den Zentrum fir politesch Bildung an Zesummenaarbecht mat der Fondation Losch an dem Educatiounsministère Projeten auszeechnen.

Mat dobäi ware bei dëser éischter Editioun och Projeten, déi RTL scho begleet hat. Zum Beispill de Projet, bei deem eng Schoulklass vu Wolz iwwer d'Auslännerwalrecht virun de Gemengewalen opgekläert huet oder nach d'Äerdschëff zu Réiden op der Atert, en Haus, dat komplett ekologesch gebaut gëtt.

Ëmweltschutz war just ee vu villen Themen, déi de Schüler um Häerze louchen. Déi 21 Projeten, déi agereecht goufen an déi 10, déi e Präis kruten, ware ganz ënnerschiddlech, sou den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, de Marc Schoentgen.

Am Fokus steet, dass d'Schoul eppes eraus an d'Gesellschaft gëtt. Also dass de Projet d'Schoul mat hirem Entourage verbënnt. Dass hir Projeten elo ausgezeechent goufen, bedeit de Schüler vill. Eng ganz Rei ënnert hinne wëllen dat Engagement bäibehalen. A genee dat ass och d'Zil vum Engagementspräis, erkläert d'Manou Worré. D'Mataarbechterin vum Zentrum fir politesch Bildung huet dëse Präis an de leschte Joren ausgeschafft.