Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Europäeschen Äerdbeobachtungsprogramm confirméiert: Global gesinn de wäermste Summer zanter Ufank vun den Opzeechnungen

Europäeschen Äerdbeobachtungsprogramm confirméiert

RTL

© Envato Skaron2022

De Summer 2023 war, global gesinn, dee mat Ofstand wäermsten zanterdeem dass Wieder-Donnéeën opgezeechent ginn.

Dat huet den europäeschen Äerdbeobachtungsprogramm Copernicus e Mëttwoch confirméiert.

D’Duerchschnëtts-Temperatur fir d’Méint Juni, Juli an August louch weltwäit gesinn bei 16,77 Grad Celsius. Dat ass knapps en hallwe grad méi ewéi am leschte Rekordsummer 2019.

Den UNO-Generalsekretär Guterres huet e Mëttwoch op dës Nouelle reagéiert an d’Welt-Gemeinschaft nach emol opgeruff, ze handelen. D'Klima géif méi séier implodéieren, wéi een als Gesellschaft domat kéint ëmgoen.