Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

EZB: Leetzëns geet vun 0,0 Prozent op 0,25 Prozent erop

Et ass eng Première zanter 11 Joer: Déi Europäesch Zentralbank huet de Leetzëns an d'Luucht gesat.

Et war sech erwaart ginn. Den europäesche Leetzëns dierft am Juli an dono nach emol am September eropgesat ginn.

Am Juli ass lo mol eng Hausse vu 0,25% virgesinn. Dat annoncéiert d'Europäesch Zentralbank um Donneschdeg de Mëtteg zu Frankfurt. Et ass déi éischt Erhéijung vun den Zënsen zënter 11 Joer.

Dernieft annoncéiert d'EZB, datt de Kaf vu milliardeschwéieren Obligatioune gestoppt gëtt.

Wéi d'EZB-Presidentin Christine Lagarde ewell annoncéiert hat, wäerte bis Enn September d'Negativzënsen an den EURO-Länner der Vergaangenheet ugehéieren.

Mat der Hausse vum Leetzëns wëll d'EZB eppes géint d'Inflatioun ënnerhuelen, déi zanter Méint duerch d'Hausse vun den Energiepräisser reegelrecht gedriwwe gëtt.