Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Florida: Zwee Joer ale Jong erschéisst säi Papp mat ongesécherter Waff

Virun den Ae vu sengem 5 Joer ale Brudder ass d'Ongléck geschitt. De 26 Joer ale Mann huet net iwwerlieft.

Enn Mee huet en zwee Joer aalt Kand säin eegene Papp mat enger ongesécherter Waff erschoss. Säi méi ale Brudder stoung niewendrun, wéi d'Ongléck geschitt ass. Dat huet d'Police vum Bezierk Orange County am Bundesstaat Florida matgedeelt.

Dem Sheriff John Mina no sinn d'Beamten als éischt vun engem Suicide ausgaangen. Am Spidol huet sech dunn allerdéngs erausgestallt, dass de 26 Joer ale Mann an de Réck geschoss krut, wat mat der Geschicht iwwerteneestëmmt, déi de 5 Joer ale Jong der Police erzielt huet. Säi méi jonke Brudder, e klengt Kand am Alter vun nëmmen 2 Joer, soll d'Waff ausgeléist hunn.

Op enger Pressekonferenz huet de Sheriff betount, d'Waff wier net "uerdnungsgemäss ewechgespaart" gewiescht, mä "vill méi einfach zougänglech, esouguer fir en zwee Joer aalt Kand". D'Resultat dovu wier eng "Tragedie", sou den John Mina. D'Kanner hätten elo "faktesch béid Eltere verluer". "De Papp ass dout, d'Mamm am Prisong. An e jonkt Kand muss opwuesse mam Wëssen, dass et säi Papp erschoss huet. Dës Tragedië sinn zu 100% vermeidbar."

De Virfall ass schonn de 26. Mee geschitt, awer wéinst de komplizéierten Ermëttlungen huet d'Police de Public eréischt viru Kuerzem informéiert. Béid Eltere ware wéinst Vernoléissegung vun de Kanner an Drogendelikter op Sursis. D'Mamm gouf doropshi festgeholl a muss sech elo ënner anerem wéinst "homicide par négligence", illegalem Waffebesëtz a Verstouss géint Sursis-Oploe veräntwerten.