Traditionell, ënnert den Kläng vum Wilhelmus, ass de Grand-Duc Henri um Kanounenhiwwel empfaange ginn.

Mat dobäi war och d’Regierung a Vertrieder aus der Chamber, dem Staatsrot, der Justiz, der Arméi a vun der Stad Lëtzebuerg. De Groussherzog Henri, de Premier Xavier Bettel, an de Chamberpresident Fernand Etgen hu kuerz Riede gehalen. Dono waren et déi traditionell 21 Kanouneschëss vum Fetschenhaff aus.

Verpasst och net de spezielle Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg fir Nationalfeierdag den Owend am Livestream och op RTL.lu an op der RTL-App.