Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Frankräich: 16 Joer ale Chauffer stierft bei Versuch, laanscht Policekontroll ze kommen

Beim Versuch, laanscht eng Policekontroll ze kommen, ass ee 16 Joer ale Motorradschauffer ëm d'Liewe komm.

Hie gouf déidlech blesséiert, wou hie mat engem Policewon kollidéiert ass. Zwee Poliziste missten nom Virfall vun der Policeopsiicht aussoen, wéi et aus interne Kreesser heescht.

De Parquet vu Versailles ermëttelt ënnert anerem wéinst Homicide involentaire géint de Chauffer vum Policewon. Wéi déi franséisch Zeitung "Le Parisien" mellt, war de 16 Joer ale Sefa S. op engem Cross-Moto ënnerwee. Firwat d'Police hien unhale wollt an ob hien een Helm unhat, ass nach net bekannt. De Policewon, dee mam Jong säitlech kollidéiert ass, wier op dem Réckwee vun engem aneren Asaz gewiescht, wou den Accident geschitt ass.

Nom Accident e Mëttwoch den Owend zu Elancourt, eng 30 Kilometer viru Paräis, war de 16 Joer alen Teenager vu Secouriste fir d'éischt reaniméiert ginn, ier hien dunn am Spidol awer u senge Blessure verscheet ass.

En Donneschdeg hat d'Police zousätzlech Gendaarmen an den Asaz bruecht, fir Onrouen ze vermeiden. Enn Juni hat et schwéier Protester ginn, nodeems de 17 Joer alen Nahel zu Nanterre ëm d'Liewe komm war, nodeems hie sech och geweigert hat, fir eng Policekontroll unzehalen. Ee Video huet gewisen, wéi de Jong vun engem Polizist erschoss gouf, wou hien hannert dem Steierrad souz.