Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Führerschäiner fort: Alkoholiséiert Chauffere verursaachen e puer Accidenter

An der Nuecht op e Samschdeg haten nees eng Rei Automobilisten ze vill Alkohol gedronk an hunn hire Führerschäi missen ofginn.

E Freideg krut d'Police géint 17 Auer eng Farerflucht an der Rue de France zu Bieles gemellt. Een Autofuerer hat e puer geparkten Autoe beschiedegt a war ouni sech ëm de Schued ze bekëmmere weider gefuer. De staark beschiedegte Won ass no e puer Meter stoe bliwwen a Passante konnten den opbruechte Chauffeur bis d'Police op der Plaz war zeréckhalen. D'Beamten hunn de staark alkoholiséierte Mann mat op de Policebüro geholl. Den Alkoholtest war positiv, de Permis gouf agezunn an eng Plainte gemaach. Well de Mann a sengem alkoholiséierten Zoustand eng Gefor fir sech an anerer war, gouf hien an der Ausniichterungszell am Passagearrest ënnerbruecht.

Géint 20 Auer e Freideg den Owend hat dann eng Automobilistin zu Eschweiler d'Kontroll iwwert hire Won verluer, war an de Gruef geroden an dunn op der Géigespuer mat engem anere Gefier kollidéiert. Béid Chauffere goufen net blesséiert, ma den Alkoholtest war bei deenen zwee positiv. D'Automobilistin, déi den Accident verursaacht hat, hat esou vill gedronk, datt si hire Permis lass ass. Beim aneren Automobilist ass et bei engem Protokoll bliwwen.

Dann ass géint 21.15 Auer e Freideg den Owend nach e Chauffer am Rond-point Biff accidentéiert. Hien hat d'Kontroll verluer a war an e Luuchtepotto gerannt. De Mann gouf net blesséiert, ma huet de Führerschäi missen ofginn, well en ze vill Alkohol gedronk hat. Um Auto ass e gréissere Materialschued entstanen.

An da gouf an der Nuecht op e Samschdeg nach bei dräi Automobilisten e positiven Alkoholtest duerchgefouert, dat zu Wal, an der Stad an zu Miersch. Ee Permis war hei fort.

Da gouf et awer och nach Alkoholkontrollen op Uerder vum Parquet. Tëscht 20.30 Auer e Freideg den Owend an 1.30 Auer e Samschdeg de Moien hunn op der N7 zu Wäiswampech an op der N12 zu Wilwerdang an zu Wëntger missen Automobiliste blosen. Iwwer 245 Chauffere goufe kontrolléiert. An aacht Fäll war den Test positiv an et gouf 3 Procès-verbaux respektiv 5 Avertissements taxés. Ee Permis gouf op der Plaz ofgeholl.