De Lëtzebuerger Futtball-Nationalspiller huet d‘Kräizbänner gerass a gëtt schonns e Mëttwoch operéiert, dat huet de Profi RTL géintiwwer confirméiert.
Domat fält hie wuel op d'mannst een halleft Joer aus. Nodeems den Oli Thill aus der Ukrain geflücht war, hat hien déi lescht Woche bei Eyüpspor an der Tierkei gespillt.