Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Gesetzprojet presentéiert: Keng fundamental Changementer, mä méi Kloerheet iwwer de Gardiennage

En Agent, dee fir eng Gardiennage-Firma schafft, ass keen Hëllefspolizist. Dat geet kloer aus engem neie Projet de loi ervir.

Dëse Projet de loi reforméiert d'Gesetz iwwert de private Gardiennage an d'Surveillance vum November 2002. Den neien Text gouf e Freideg de Mëtteg der Press virgestallt.

Et gi keng fundamental Changementer, mä et gëtt méi Kloerheet. Fir d'Justizministesch Sam Tanson goung et drëm, datt am Gesetz festgehale gëtt, wou d'Aarbecht vum Gardiennage ophält an déi vun der ëffentlecher Sécherheet ufänkt. Fir déi si weiderhin exklusiv d'Forces publiques, also d'Police, zoustänneg.

Fir auszeschléissen, datt Gardiennage-Firmen agesat ginn, fir déi ëffentlech Sécherheet ze garantéieren, ginn et eng Rei Delimitatiounen am neien Text. Eng Sécherheetsfirma kann zum Beispill just engagéiert ginn, fir déi eege Bienen ze schützen. A wann d'Agenten am ëffentleche Raum ënnerwee sinn, fir déi Missioun z'assuréieren, dierfe se net intervenéiere vis-à-vis vu Persounen oder Saachen, déi näischt mat där Missioun ze dinn hunn.

Am Text gëtt och den Asaz vu Sécherheetsfirme bei kulturellen oder sportleche Manifestatiounen gereegelt. Do ginn et 5 méiglech Missiounen. Dat ass zum Beispill d'Kontroll vum Alter oder vun engem Entréesticket. Déi Kontrolle kënnen nëmme gemaach ginn, wann deen, dee kontrolléiert soll ginn, och domadder averstanen ass.

Aus dem Projet de loi geet och kloer ervir, datt Sécherheetsagenten am Evenementiel keng Waffen dierfen hunn a keng Gewalt dierfen applizéieren.

Et gëllen nei Reegelen fir den Asaz vun Hënn. Déieren, déi als geféierlech agestuuft ginn, dierfen net an den Asaz kommen an et sinn administrativ Strofe virgesinn, fir de Fall, datt ee sech net un d'Gesetz hält. Déi Strofe leien tëschent 500 a 50.000 Euro.

Laurent Mosar weist sech zefridde mam Gesetzesprojet

"Une fois n'est pas coutume", mä als nationalen Oppositiounspolitiker a parallel Schäffen an der Stad ass de Laurent Mosar vun der CSV zefridde mam Projet.

"Mir haten dat scho gefuerdert ënnert dem Justizminister Felix Braz, deen ëmmer der Meenung war, dat wier net noutwendeg. An dofir kënne mer nëmme begréissen, dass d’Madamm Tanson d’Meenung vun der Regierung do geännert huet an op de Wee vun enger Reform vun deem Gesetz gaangen ass."

D'Lutte géint d'Drogekriminalitéit zum Beispill erënnert deels un den Don Quijote an der Lutte géint Wandmillen. De Milieu huet sech neierdéngs verstäerkt an d'Uewerstad deplacéiert.

"Um Niveau vun der Drogepreventioun ass an de leschte Jore strictement näischt geschitt. Donieft ass awer d'Repressioun wichteg. Dowéinst gräife mer op de Gardiennage zeréck, well eis Police scho genuch Missiounen huet.”

Nieft Gardiennage a Repressioun wieren och de Street-Work a Preventioun e wichtege Vecteur. Et soll een dat Ganzt awer net just op d'Drogekriminalitéit oder d'Drogebeschafung limitéieren.

"Mir hunn nieft der Drogeproblematik ganz vill Voleten, wat d’Onsécherheet betrëfft. Beispill Iwwerfäll, deels och matten am Dag oder nach d’Hausse vun Abréch, déi organiséiert Heescherei etc. Leider huet eng Gemeng net ganz vill Kompetenzen an deem Beräich".
De Laurent Mosar sot sech awer och bewosst, dass eis Police Aarbecht bis iwwert d'Oueren huet.

Offizielle Communiqué

Sam Tanson a présenté les modifications prévues à la loi sur les sociétés de gardiennage (10.06.2022)

Communiqué par : ministère de la Justice

Le projet de loi a comme objet d'apporter des modifications à la loi du 12 novembre 2002, suite aux discussions soulevées quant aux compétences des sociétés de gardiennage dans l'espace public.
Il s'agit en l'occurrence:
1. de l'introduction de l'activité dite de «l'événementiel» en tant que 5e activité soumise à la loi du 12 novembre 2002, dont l'exercice requerra dorénavant l'octroi d'une autorisation ;
2. de dispositions visant à mieux délimiter les missions de sécurité privée des missions de la sécurité publique, mission réservée exclusivement à la police ;
3. de dispositions visant à préciser et à clarifier les droits et obligations des agents de gardiennage par rapport aux personnes qu'ils sont susceptibles de contrôler ;
4. d'une réglementation relative à l'usage de chiens de gardiennage ;
5. de l'introduction d'amendes administratives à charge des entreprises de gardiennage ;
6. d'une réglementation de la sous-traitance en matière de gardiennage ;
7. de l'introduction de taxes pour le traitement des demandes introduites pour l'octroi des autorisations, approbations et licences prévues par la loi du 12 novembre 2002.
L'activité dite de «l'événementiel» concerne les événements culturels, sportifs ou autres et limite les missions de contrôle des sociétés de gardiennage au nombre de cinq : l'âge de la personne, son titre d'entrée, la concordance du titre nominatif avec son identité, le contrôle d'objets non admis ou interdits par la loi et finalement le comportement de la personne pendant l'événement. Les contrôles requièrent le consentement de la personne. En cas de refus, l'accès pourra être refusé.
Lors d'un événement organisé dans un lieu public, l'organisateur qui engage la société de gardiennage doit obligatoirement effectuer une déclaration auprès de la commune concernée avec indication des informations de l'événement, notamment les mesures de sécurité envisagées. Le périmètre d'intervention sera délimité.
Les agents de sécurité doivent obligatoirement porter un uniforme et être munis d'une carte de légitimation. Il leur sera strictement interdit de porter une arme pour l'exercice de leurs missions lors d'activités événementielles.
Le projet de loi comporte également des règles en cas d'usage de chiens. Les chiens dangereux sont prohibés et une formation diplômante est obligatoire aussi bien pour le chien que pour son maître. Parallèlement au dépôt de loi, les travaux sur la mise en œuvre d'une formation adéquate pour les agents de gardiennage continuent.