Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Gripp, Bronchiolite a Covid: Santé warnt virun Infektiounskrankheeten dëse Wanter

Gripp, Bronchiolite a Covid

RTL

© RTL-Archiv

En Vue vum Wanter erënnert d‘Santé nach eng Kéier dorun, sech virun den heefegste Krankheete vun den Otemweeër ze schützen.

Krankheete wéi d'Gripp, d'Bronchiolite a Covid kéinten epidemesch Wellen ausléisen an zu weideren Infektioune féieren, wat de Gesondheetssystem géif belaaschten. Mat Vaccinatiounen an Gestes barrières kéint ee sech schützen.

Tëscht November an Dezember zejoert hätte méi wéi 260 Kanner ënner zwee Joer wéinst enger Bronchiolite mussen hospitaliséiert ginn. Donieft goufen de leschte Wanter knapp 54.000 Infektioune mat Covid a ronn 10.000 Fäll vun der Gripp registréiert.