Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Groupe Cynotechnique vum CGDIS: Wéi leeft d'Formatioun an den Training vu spezialiséierte Muppen of?

Groupe Cynotechnique vum CGDIS

Eng Ekipp vum Magazin war um Trainingsterrain vum CGDIS an huet e Bléck hannert d'Kulisse vum Training vun de Sichhënn geworf.

Zanter e puer Méint huet de CGDIS zwee Membere méi: d'Muppen Alpha an den Elmo vum Groupe Cynotechnique hu béid hir Exame gepackt a sinn zanter Mee prett fir all Asaz. Si rette Liewen, wann anerer a Gefor sinn. Ob bei Äerdbiewen oder Explosiounen, do wou Mënsche verschott goufen, kommen d'Hënn vum CGDIS an den Asaz.

Wéi vill Aarbecht stécht hannert hirem Training a wéi schwéier ass et, an engem Trëmmerfeld zeréckfonnt ze ginn. Mir sinn de Groupe Cynotechnique op déi Plaz besiche gaangen, wou si mat de Muppen trainéieren. Vill Zäit a Léift muss een a säi Véierbeener investéieren, fir dass den Hond och dat mécht, wat e soll. E Bléck hannert d'Kulisse vun hirem Training.