Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Handball: EHF Cup: Damme vum HB Diddeleng ouni Chance géint ZRK Bjelovar

D'Damme vum HB Diddeleng sinn dëse Weekend am 2. Tour vum EHF Cup gefuerdert. Géigner ass den Drëtten aus dem kroatesche Championnat ZRK Bjelovar.

E Freideg den Owend war den Allersmatch tëscht dem Lëtzebuerger Coupegewënner an ZRK Bjelovar. An do war nawell zimmlech séier kloer, a wéi eng Richtung et géif goen. D'Gäscht aus Kroatien waren no puer Minutte scho mat 3:0 vir, éier an der 4. Minutt Diddeleng iwwerhaapt den 1. Gol markéiere konnt. An engem änleche Rhythmus ass et dann och weider gaangen, sou dass et an der Hallschent schonn 20:8 zu Gonschte vu Bjelovar stoung.

An der zweeter Hallschent hunn d'Damme vun Bjelovar e bëssen manner Gas ginn, ma och déi 30 Minutten dominéiert. ET sinn nach emol 14 Goler zu Gonschte vu Bjelovar gefall, géintiwwer 9 fir Diddeleng.

De Retourmatch ass e Samschdeg um 18 Auer. Béid Matcher ginn am Centre Sportif René Hartmann gespillt.