Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Héicht Manderscheid-Hasborn: Lëtzebuerger bei Accident op der Tréierer A1 liewensgeféierlech blesséiert

Wéi d'Police vun Tréier mellt, koum et e Freideg den Owend géint 19.30 Auer zu engem Accident op der A1. E jonke Chauffer vu Lëtzebuerg gouf uerg verwonnt.

De 20 Joer jonke Lëtzebuerger hat tëscht de Sortië Manderscheid an Hasborn aus bis ewell ongekläerter Ursaach an enger Lénkskéier d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer a koum riets vun der Fuerbunn of. Do krut den Auto e puer Beem ze paken. De Won gouf komplett zerstéiert, wéi d'Police präziséiert.

De Chauffer huet misse vun de Pompjeeë aus dem Gefier gebuerge ginn. Hie gouf mat liewensgeféierleche Verletzungen an Spidol geflunn.

D'Streck war wärend de Rettungs- an Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart. Am Asaz waren d'Pompjeeën, de Rettungshelikopter an d'Police vu Wittlich a Schweich.