Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Honnerte Mënschen evakuéiert: Op en Neits Iwwerschwemmungen an Zentralgriichenland

Honnerte Mënschen evakuéiert

Ronn dräi Wochen nodeems et a Griichenland zu Iwwerschwemmunge koum, sinn op en Neits e puer Regioune betraff.

Schonn Ufank September war déi zentralgriichesch Groussstad Volos haart getraff ginn no Staarkreen. Do hat de Stuermdéif Daniel fir massiv Iwwerschwemmunge gesuergt. 17 Mënschen koumen dobäi ëm d'Liewen. Zwou Woche laang war d'Waasserversuergung ënnerbrach.

E Mëttwoch dann op en Neits Iwwerschwemmungen no massivem Reen. Eng Ausgangsspär huet misse verhaange ginn an e puer Dierfer goufen evakuéiert. D'Pompjeeë mellen, dass si iwwer 2.500 Mënschen hu missen hëllefen.

Groussdeeler vun der 140.000-Awunner-Stad Volos gouf duerch Héichwaasser vun der Stroumversuergung ofgeschnidden. Och Deeler vum lokale Spidol stoungen ënner Waasser, sinn awer a Betrib bliwwen.

De Stuermdéif Elias hat virdru schonn op der Insel Euböa, déi just e puer Méint virdru vu Bëschbränn betraff war, fir Iwwerschwemmunge gesuergt. Am Norde vun der Insel huet missen den Trafic ageschränkt ginn.

E Freideg soll de Stuerm Elias sech dann nees ofschwächen.