Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Inklusioun a Pensiounen: "Ech si midd": eng behënnert Fra kritt no 40 Joer Schaffe Prepensioun refuséiert

Eng Fra mam Statut vum Salarié Handicapé kritt no 40 Joer Ateliers Thérapeutiques keng Prépensioun a wiert sech géint dës Decisioun.

Pensioune vu behënnerte Mënschen / Reportage Monique Kater

Well d’Beschäftegung vu Behënnerte virun 2003 net gesetzlech gereegelt war, hunn déi Concernéiert dacks net laang genuch kotiséiert, fir viru 60 kënnen opzehale mat schaffen. D’Politik reagéiert iwwerrascht op d’Demande vun der  Concernéierter a schéngt net wierklech motivéiert, no enger Léisung ze sichen. 2003 ass ënnert dem deemolegen Aarbechtsminister Biltgen e Gesetz a Kraaft getrueden, duerch dat Behënnerter, déi schaffe ginn, de Statut vum Salarié Handicapé kritt hunn. Virdrun haten dës Leit meeschtens den RMG an hunn näischt an d’Pensiounskeess abezuelt. Genee dat war de Fall beim Jacqueline Schockmel, mam Resultat dass si no 40 Joer Ligue HMC op der Kap elo hir Prepensioun refuséiert krut. D’CNAP hält sech bei hirer Decisioun kloer un d’Gesetz. Acceptéiere wëllt déi haut 56 Joer al Fra dësen NEE net, och well si keen Eenzelfall wier. Virun allem op der Kap ginn et eng ganz Rei Leit, déi en änleche Liewenslaf hunn an an de Pensiounsalter kommen.

D’Jore virun 2003 maachen d’Saach komplizéiert

Dat mannst, wat ee ka soen, ass, dass kee vun de Ministere mat esou enger Demande gerechent hat, well Fakt ass, dass dat Gesetz vun 2003 gutt ass, soen och déi, déi um Terrain mat Behënnerten ze dinn hunn. Et ass déi Zäit virdrun, déi d’Saach verkomplizéiert, well et de Statut vum Salarié Handicapé eben nach net gouf. De Marc Spautz war 2013 Familljeminister an ass Administrateur an der Fondatioun Kräizbierg. Bei hinne géifen et kaum där Fäll, wéi dee vum Jacqueline Schockmel, well de Kräizbierg eng Beruffsschoulformatioun fir Behënnerter mam Centre Emile Mayrisch lafen hat.

Vun den 3 concernéierte Ministeren hëlt just dee fir Sozial Sécherheet Positioun

Eng eventuell Léisung misst all Fall eenzel kucken, well et am Behënnerteberäich ganz vill verschidde Liewensgeschichte gëtt, dat weess och d’Politik. Vill Behënnerter wéilten nämlech och méi laang wéi 65 Joer schaffen, wa se dann dierften.

Egal wéi vill Behënnerter hei concernéiert wieren, bräicht ee Kloerheet an eng Léisung an hirem Intressi, déi déi 3 Ministeren zesumme misste sichen, monéiert de Marc Spautz. Esou am Code des assurances sociales zum Beispill.

"Dat vum Zréckkafen ass eng Méiglechkeet. Dir kënnt och soen, si kréien d'Grondrent komplett a si kréien déi aner Jore mat ugerechent. Da sinn zwar keng Cotisatiounen gefloss, mä dann hu se awer Joren ugerechent kritt, fir dat, wat se awer do praktizéiert hunn. Menger Meenung no kann een dat mat engem politesche gudde Wëlle kann ee Sécurité sociale, travail a famille reegelen an et kéint een och do Léisunge fannen. Mä do soll een och déi Betraffe mat abannen", sou d'Propos vum fréiere Familljeminister, Marc Spautz.

De Minister fir Sozial Sécherheet gesäit e Fong als Méiglechkeet:

"Wann een dat do wëll maachen, misst ee kucken, wéi vill dass der iwwerhaapt virun 2003 do am Fall wieren, déi kee Contrat de travail gehat hätten. Wann een dat da mécht, da misst een dat schonn iwwert eng Speisung maache vun engem Fong par rapport zu der Envergure vun de Leit a vu wéi vill, datt een do schwätzt, fir dat ze maachen an dat ass dann een anere Ministère. Dat ass haaptsächlech de Ministère de famille, deen domat consideréiert ass", erkläert de Claude Haagen.

Eng Saach vu politeschem Wëllen

Eng Invaliderent kënnt fir d’Jacqueline net a Fro, well si net invalide wier an dauernd geschafft hätt. En attendant a fir de Fall, wou d’Politik net reagéiert, sicht si fir sech selwer no enger Alternativ – bal 4 Joer feelen nach an 28 Méint Affiliatioun. Vläicht wier nëmme méi hallef schaffen eng Optioun, fir kënnen duerch ze hale bis 60 - fir eng Regierung wier déi Léisung alles, mee keng Reklamm.

Vill Onkloerheete bei de Pensioune vu behënnerte Mënschen

D’Jacqueline ass behënnert, 56 Joer al, kann eleng liewen an: sech wieren géint eppes, dat si ongerecht fënnt – de Refus fir d'Prepensioun no 40 Joer Schaffen.