Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Internationale Futtball: ManCity kasséiert éischt Néierlag

Béid Clibb vu Manchester hunn de 7. Spilldag dräi Punkte leie gelooss, dovu profitéiert Arsenal London. An Italien gewënnt Neapel kloer géint Lecce.

Bundesliga

De Resumé vun de Matcher aus der Bundesliga fannt Dir hei. Aus Lëtzebuerger Siicht war just de Leandro Barreiro mat Mainz am Asaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

De Vize-Meeschter Arsenal huet seng Aufgab zu Bournemouth souverän geléist an der Lokalekipp keng Chance gelooss. Direkt déi éischt Golchance war dobannen a kuerz virun der Paus hunn d'Gunners vun engem Eelefmeter-Kaddo profitéiert. De selwechten Zenario sollt sech kuerz no der Paus widderhuelen. Och uschléissend huet Bournemouth net vill op den Terrain bruecht an Arsenal ass an der Nospillzäit nach de véierte Gol gelongen.

Manchester United kasséiert schonn déi véiert Néierlag an der Premier League. ManU hat déi éischt 45 Minutte wuel méi Spillundeeler, mee d'Kreativitéit huet gefeelt. Dovun huet Crystal Palace profitéiert an no engem Fräistouss den decisive Gol markéiert. An der zweeter Hallschent haten d'Red Devils wuel e puer gutt Golgeleeënheeten, mee de Ball wollt de Wee an de Filet net fannen.

Obwuel Manchester City de Match zu Wolverhampton dominéiert huet, verléieren d'Skyblues hiren éischte Match vun der Saison. D'Wolves haten an der éischter Hallschent zwar net eng Kéier op de Gol geschoss, louchen awer a Féierung, well dem Ruben Dias en Eegegol ënnerlaf war. Nom Säitewiessel huet ManCity weider de Match gemaach a konnt an der 58. Minutt verdéngt ausgläichen. No enger Golchance fir Manchester ass Wolverhampton e Konter gelaf, deen de Hwang propper ofgeschloss huet. Am Uschloss ass ManCity näischt méi gegléckt.

Tottenham - Liverpool (18.30 Auer)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Virum Optrëtt an der Champions League géint Real Madrid huet Neapel seng zweet Victoire hannertenee gefeiert an ass nees a Schlagdistanz zum Spëtzenduo aus Mailand. Ausser dem Gol fir Neapel war an der éischter Hallschent net vill lass. Nom Osmihen sengem Gol direkt no der Paus war de Match quasi duerch, och wa Lecce sech net opginn huet. An der Schlussphas huet Neapel dunn den Deckel drop gemaach.

AC Mailand - Lazio Roum (18.00 Auer)

Salernitana - Inter Mailand (20.45 Auer)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Clermont - PSG (17.00 Auer)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Girona - Real Madrid (18.30 Auer)

Girona ass bis elo d'Iwwerraschungsekipp vun der Saison a steet ee Punkt viru Real Madrid op der drëtter Plaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga