En Mëttwoch de Moien ass de President vun der ABBL eisen Invité vun der Redaktioun.
Déi héich Inflatioun dierft am Juli dozou féieren, datt déi Europäesch Zentralbank d'Enn vun der Nullzëns-Politik alaut. Mir wëllen doriwwer mam President vun der ABBL, der Associatioun vun de Banken a Banquieren schwätzen.
Wat bedeit dat fir d'Banken an d'Clienten? Wie ka sech an Zukunft nach eng Wunneng zu Lëtzebuerg kafen? A wäert een och elo méi Zënsen um Spuerbuch kréien?
De CEO vun der Raiffeisen-Bank Guy Hoffmann ass géint 8.10 Auer eisen Invité vun der Redaktioun. Mat him geet et och ëm Bankefraisen an d'Attraktivitéit vun der Bankeplaz.
LIVESTREAM Radio
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.