Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Invité vun der Redaktioun (3. August) - Tom Schmit: Méi wanderen a manner schwammen um Stau

En Donneschdeg de Moien ass den Naturpark Uewersauer Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den Ament ass et Wiederbedéngt ronderëm de Stau e bëssen méi roueg, mä d'Wanderer sinn nach ëmmer ënnerwee. Dat sot den Tom Schmit en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien ass zanter zwee Joer de Ranger am Naturpark Uewersauer, deen eenzege Ranger am Land. D'Visiteurslenkung steet bei senger Aarbecht am Mëttelpunkt. Wat kann ee kucke goen a wat erliewen? D'Leit hätten och dacks geschichtlech Froen iwwert de Stau.

Den Ablack mécht ee keng aktiv Reklamm méi fir de Stau, scho guer net fir d'Plagen. D'Leit sollen éischter wandere kommen, wéi an de Stau schwammen ze goen a Party ze maachen. Elo scho géife bei guddem Wieder méi Leit op de Stau komme wéi d'Regioun verdréit.

Op de Stau kommen Touristen, déi hei am Land Vakanz maachen, awer och vill Leit, déi fir een Dag, respektiv e puer Stonnen an den Naturpark kommen. Zejoert hätt een op de Parkingen 70% Lëtzebuerger Autosplacke gehat.

D'Aufgab vum Ranger ass et och, fir Uerdnung ze suergen. Kaméidi, Knascht, illegaalt Grille géifen do reegelméisseg Problemer maachen. Déi allermeeschte Leit wieren awer verstänneg. Virun allem, wann et méi dréchen ass, ass d'Bëschbrand-Gefor um Stau grouss an do wier de CGDIS ëmmer mat am Asaz fir Präventioun ze maachen.

Waasserschutz ass an engem Drénkwaasser-Gebitt natierlech och e Sujet. Verschidde Visiteure hätten net den néidege Respekt vun eisem Drénkwaasser-Reservoir, bedauert de Ranger. Bloalge sinn dëst Joer iwwerdeems am Stau nach keen Thema.

Invité vun der Redaktioun: Tom Schmit

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.