Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Keespelt: Bus huet an enger Hal gebrannt, Situatioun ënner Kontroll

RTL

© Domingos Oliveira

Aktuell ass e Asaz vum CGDIS zu Keespelt amgaangen, dat wéinst engem Feier an enger Hal.

Op Nofro huet de Spriecher vum CGDIS confirméiert, datt ee mat méi Ekippen op der Plaz am Asaz ass. De Rettungsekippe ass et gelongen, e Bus, deen an enger Hal Feier gefaangen hat, ze läschen. De CGDIS huet RTL confirméiert, datt keng Persoune blesséiert goufen.

D'Warnung fir d'Awunner aus der Ëmgéigend, fir d'Fënsteren an d'Dieren zouzeloossen, gouf opgehuewen.

Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.

Dësen Artikel gouf géint 13.30 Auer aktualiséiert.