Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Klima a Mobilitéit: "Eise Bëscher geet et net immens gutt"

Fir déi Responsabel vun der Naturverwaltung ass et den Defi, fir haut Beem ze planzen, déi sech och an 100 Joer weiderhi bei eis wuel villen.

60% vun de Beem si krank. Oder anescht: Just 15% ginn nach als gesond ageschat. Zwou Saache verdroen déi meescht Beem an eise Géigenden net: "Wat haaptsächlech matspillt, dat sinn déi ganz héich Temperaturen. Well d'Beem sinn net gemaach fir Temperaturen ëm déi 40 Grad ze packen. Eis Beem packen dat net gutt. An dann ass et de Waassermangel, deen hinnen immens zousetzt'', sou d'Martine Neuberg, déi bei der Naturverwaltung Responsabel fir d'Bëscher ass.

Virun allem d'Fiichte stiechen an d'Aen. Bedéngt duerch d'Dréchent kréien d'Fiichten net méi genuch Haarz produzéiert, fir sech géint de Borkenkäfer ze wieren. Awer och eeler Biche geheien hir Blieder an der Kroun of. En Zeeche vu Stress. D'Klimaanlag Bësch geréit aus dem Rhythmus.

"Duerch d'Transpiratioun geschott eng Killung. Déi mécht datt d'Temperaturen am Bësch ëm e puer Grad méi niddereg si wei ronderëm. An dat spillt besonnesch am stättesche Raum eng immens grouss Roll well d'Frëschloft-Zoufuer an d'Stied reguléiert gëtt".

Bannent den nächste Joerzéngte geet et bei eis a Richtung ''mediterrane'' Klima. Hëtzt an Dréchent wäerten de Bësch weider veränneren. Palme wäerte mer keng planzen. Ewech vu Monokulturen, sollen heemesch Bamaarte mat breet gestreeter Genetik a Beem aus dem osteuropäesche Raum ënnerenee gemëscht ginn. D'Fauna wäert sech de Verännerunge vum Bësch upassen.

De Raum Waasser wäert entscheeden, wat fir eng Aarten iwwerliewen a wat fir eng ausstierwen. Um Enn kënnen d'Mataarbechter vun der Forstverwaltung just probéieren, mam aktuelle Wëssensstand, d'Effete vum Klimawandel sou wäit wéi méiglech ofzefiederen. Global, ass Lëtzebuerg mat sengen 2.586 Kilometercarré just Spectateur.