Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Knapp 100.000 Mënsche geflücht: Kaum nach Armenier an der Regioun Bierg-Karabach

Knapp 100.000 Mënsche geflücht

D'Flüchtlingswell hëlt keen Enn. No der aserbaidjanescher Militäroffensiv hunn antëscht knapp 100.000 Armenier hir Heemescht verlooss.

D'Masseflucht vun den armenesche Bewunner vu Bierg-Karabach geet weider: Den Zuele vun der armenescher Regierung no si bis e Freideg 99.000 Mënschen aus der Kaukasusregioun an Armenien ukomm, dat mellt déi russesch Noriichtenagence Interfax.

Der Noriichtenagence AFP no si vill Mënschen an der armenescher Grenzstad Goris ukomm. Leschten Informatiounen no vun der Regierung zu Eriwan hunn antëscht iwwer 80 Prozent vun den 120.000 armenesche Bewunner vu Bierg-Karabach d'Regioun verlooss.

Den 19. September hat den Aserbaidjan eng grouss Militäroffensiv an der Regioun gestart. Nëmmen een Dag méi spéit haten déi pro-armenesch Kämpfer an der Regioun kapituléiert. En Donneschdeg du gouf d'Opléisung vun der selwer ernannter Republik Bierg-Karabach op den 1. Januar 2024 hin ugekënnegt. Bierg-Karabach, wou haaptsächlech Armenier gewunnt hunn, géif domadder "ophalen ze existéieren", huet et an engem Dekret geheescht.

De Stéphane Dujarric, Spriecher vum UN-Generalsekretär Antonio Guterres, huet iwwerdeems eng UN-Missioun an der Regioun Bierg-Karabach ugekënnegt. Ënnert der Leedung vu Mataarbechter vun UN-Büroe fir humanitär Sujete wäert scho vum Weekend un eng Ekipp "versichen, d'Lag op der Plaz ze bewäerten an déi humanitär Besoinen ze ermëttelen, souwuel fir d'Mënschen, déi bleiwen, wéi och fir déi, déi flüchten".

Op Grond vun der "katastrophaler humanitärer Lag" op der Plaz huet déi international Gemeinschaft vum roude Kräiz eng Ënnerstëtzung an Héicht vu ronn 20 Milliounen Euro gefuerdert.