Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kolumbien: 14 Biergaarbechter ginn no Explosioun a Minn vermësst

Op Héichtoure gëtt den Ament no de Vermësste gesicht. D'Rettungsaarbechte kéinten allerdéngs e puer Deeg daueren.

No enger Explosioun an enger kolumbianescher Minn gi 14 Biergaarbechter vermësst. "Mir verléieren net de Glawen an d'Hoffnung, dass dës 14 Mënschen, déi do agespaart sinn, lieweg fonnt wäerte ginn", sot de Buergermeeschter Manuel Pradilla dem Sender RCN. D'Leederin vun der Sichaktioun schwätzt vun enger "ganz schwiereger Rettung". Si geet dovunner aus, dass d'Rettungsaarbechten e puer Deeg dauere wäerten.

Wéi et vun de Biergbau-Autoritéiten heescht, ass eng Mëschung aus "Methan a Kuelestëbs" an der Minn explodéiert. Een Aarbechter, deen zum Zäitpunkt vun der Explosioun an der Minn war, gouf mat Verbrennungen an d'Spidol bruecht. No deenen anere Minnenaarbechter gëtt ënner Héichdrock gesicht.

Lescht Joer sinn a Kolumbien 148 Persoune bei Virfäll a Minnen ëm d'Liewe komm.