Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kooperatiounsaarbecht: Minister Franz Fayot zitt de Bilan vun de leschte 4 Joer

Trotz Krisen hätt d'Kooperatiounsaarbecht seng Friichte gedroen. D'UNO-Zil fir nohalteg Entwécklung wier iwwerdeems awer just nach schwéier anzehalen.

"Et ware schwéier Zäiten an eng Suite vu Krisen, an awer hate mer op deene Plaze wou mer aktiv sinn, en Impakt." Dat huet den LSAP-Minister Franz Fayot e Freideg de Mëtteg op enger Pressekonferenz betount, op där hien de Bilan vu véier Joer Kooperatiounsaarbecht gezunn huet.

Hien huet zouginn, datt et ëmmer méi onrealistesch gëtt, d’Ziler vun der UNO a Punkto nohalteg Entwécklung bis 2030 ze areechen. Grond dofir wier sécherlech d’Pandemie, déi eng effikass a séier Reaktioun verlaangt huet.

De Grand-Duché hätt net just iwwer 660.000 Dosen Impfstoff un aner Länner geliwwert, mee allgemeng am Kampf géint d'Pandemie 70,5 Millioune contribuéiert. Och an der Ukrainkris hätt een sech engagéiert, mat ënnert anerem iwwer 11 Milliounen an humanitärer Hëllef.

Eng Partie bilateral Kooperatioune goufen iwwerdeems ofgebrach, wéinst Militärcoupen. Rezent am Niger, mee och am Mali oder Myanmar. Dogéint goufen nei Accorde mat Partnerlänner ënnerschriwwen: mam Ruanda, Costa Rica a Benin.