Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Lëtzebuerger Tourismus an Zuelen: Residenten hunn 2,6 Millioune Fräizäit- an 323.000 Geschäftsreese gemaach

Lëtzebuerger Tourismus an Zuelen

RTL

An der Moyenne hunn d'Leit zejoert 36 Iwwernuechtunge fir 163 Euro gemaach an dat zu 92 Prozent an touristeschen Destinatiounen an Europa.

Ee Véierel vun deene Reese hate Lëtzebuerg oder een Nopeschland als Zil.

Bei de Geschäftsreese waren et 2022 5 Iwwernuechtunge zu 358 Euro an der Moyenne an dat zu 93 Prozent an Europa. Dovunner d'Hallschent an engem Nopeschland.

Wat déi touristesch Offer hei am Land ubelaangt, sou goufen et 2022 1.167.286 Arrivéeën an den 216 Hoteller zu Lëtzebuerg. Dat ware bal 2.796.000 Iwwernuechtungen.

Am Secteur schaffen 38.298 Persounen.

Hei sinn d'Detailer vum Tourismus an Zuelen (Editioun 2023)