Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Logement als Walthema: De Wiener Modell och zu Lëtzebuerg?

Och am drëtten Trimester vun dësem Joer falen d’Immobiliepräisser an der Vente weider. D’Loyerspräisser awer klammen an der Moyenne ëm ronn 6 Prozent.

Dat geet aus den Zuele vun der Online-Plattform atHome ervir. D’Loyerspräisser och um private Wunnmarché drécken, dat kéint eng staark ëffentlech Konkurrenz. Déi Erfarung huet déi éisträichesch Stad Wien gemaach.

Wann et ëm abordabelt Wunne geet, gëtt dacks de "Wiener Modell" genannt. Hei huet de soziale Wunnengsbau eng laang Traditioun. Iwwer 60 Prozent vun der Populatioun profitéiere vun de gedeckelte Loyeren. Dofir gëtt et ënnert anerem eng Steier op de Loun, fir de soziale Logement ze finanzéieren.

Haut géing dës Steier net a Fro gestallt ginn, esou de Michael Ludwig, Buergermeeschter vu Wien. Méi wéi zwee Drëttel vun de Wiener sinn eligibel fir eng Wunneng um ëffentleche Marché. Dat géing net just fir Mixitéit an de Quartiere suergen, mee och fir eng héich Acceptanz fir de "Wiener Modell" an der Populatioun. Duerch de bezuelbare Logement, och am Stadzentrum, gëllt Wien zudeem als eng vun de Stied mat der héchster Liewensqualitéit.

LSAP wëll sech vum Wiener Modell inspiréieren

D’Liewensqualitéit verbesseren, duerch méi abordabele Logement. Dofir wëll sech d’LSAP zum Deel och vum "Wiener Modell" inspiréieren. Mä d’Situatioun ass hei am Land eng aner. Zu Lëtzebuerg wunne knapp een Drëttel vun de Residenten a Locatiounswunnengen. Bei de Leit mat der Lëtzebuerger Nationalitéit, also d’Wieler, loune just 14 Prozent. Vun engem Dag op deen aneren eng Steier aféieren, wéi et se zu Wien gëtt, wier schwéier, gëtt den éisträichesche Buergermeeschter zou.

A senger Stad wier déi Steier historesch gewuess an antëscht net méi ewech ze denken. Suen an d’Hand huelen, fir an de soziale Locatiounsmarché z’investéiere wier awer eng Prioritéit, esou d’Paulette Lenert, LSAP-Spëtzekandidatin. Fir dass d’Land attraktiv bleift fir déi verschiddenst Aarbechtskräften. Wann d’Salariéen nämlech kee Logement fannen, géing dat Lëtzebuerg als Standuert devaloriséieren. Och wann d’Wieler an der Majoritéit net lounen, wier et allgemeng fir Gesellschaft wichteg, Quartieren ze schafen, an deene Leit aus ënnerschiddleche soziale Schichte wunnen. Lëtzebuerg wier ugewisen op Aarbechtskräften, déi ënnert anerem och aus dem Ausland heihinner wunne kommen, esou nach d’Paulette Lenert.

Déi Lénk proposéieren, d’Loyeren anzefréieren

D’Partei Déi Lénk gesäit de Logement och als ee vun den zentrale Walthemen an huet an engem Communiqué eng Rei Mesurë proposéiert, fir géint d’Logementskris virzegoen. Dorënner d’Afréiere vun de Loyeren, bis et e Gesetz gëtt, dat de Marché konsequent reegelt, esou d’Line Wies.

Mat esou engem Gesetz soll verhënnert ginn, dass d’Loyeren arbiträr eropgesat ginn. Eng aner Mesure: Den ëffentleche Wunnengspark substantiell vergréisseren. Dofir schwätzen sech - wéi d’LSAP - och déi Lénk ganz däitlech aus.