Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Mediebericht: Boris Becker geet net an Appell an akzeptéiert Prisongsstrof

Enn Abrëll gouf d'Tennis-Legend aus Däitschland zu 2,5 Joer Prisong verurteelt.

Engem Mediebericht no soll hien net géint d'Urteel an Appell goen. Wéi d'Bild-Zeitung schreift, géing hien d'Urteel akzeptéieren. Am Prozess ëm falsch Angabe vu Verméigenswäerter an engem fréieren Insolvenzprozess gouf de Boris Becker a 4 vu 24 Punkte schëlleg gesprach.

Him gouf zur Laascht geluecht, Verméigen an Héicht vun op d'mannst 1,3 Milliounen Euro verheemlecht ze hunn, dorënner Verméigenswäerter wéi Immobilien. Donieft soll hie verschidde Konte falsch oder guer net uginn hunn. De Becker huet bestridden, vun de falschen Angabe gewosst ze hunn an huet betount, senge Beroder a Saache Finanze voll a ganz vertraut ze hunn. De Parquet dogéint ass der Usiicht, de Boris Becker hätt d'Verméigen express verheemlecht a géif d'Schold op seng Beroder drécken, déi sech ëm seng Finanze gekëmmert hunn.