Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Moderniséierung vun Nationalstrooss: Aarbechten un der N7 kënne viraussiichtlech 2024 ufänken

Moderniséierung vun Nationalstrooss

Virun engem Joer war d'Moderniséierung vun der Dräibunn a Richtung Norden an der Chamber gestëmmt ginn. D'nächst Joer sollen d'Aarbechten dann ufänken.

"D'Moderniséierung vun der Nationalstrooss N7 ass ee vun de gréissere Projeten, un deenen am Norde vum Land geschafft gëtt. D’Ëmsetzung vun dësem Infrastrukturprojet ass an 3 Sektiounen ënnerdeelt, déi zesummen op eng Gesamtlängt vu 24,8 Kilometer kommen."

Dat äntwert de Mobilitéitsminister Bausch op eng parlamentaresch Fro vun der DP. Virun engem Joer war dat Ganzt mat breeder Majoritéit an der Chamber gestëmmt ginn.

Fir déi éischt Sektioun tëscht dem Fridhaff an der Houschter-Déckt, déi 11 Kilometer laang ass, géifen an absehbarer Zäit déi néideg Autorisatiounen ugefrot. Fir de Bau missten allerdéngs nieft den archeologeschen Etüden och nach plazeweis Deminage-Aarbechten duerchgefouert ginn. 2024 kéint viraussiichtlech mat den Aarbechten ugefaange ginn.

Déi zweet Sektioun erstreckt sech iwwer knapp 3 Kilometer vun Housen op Maarnech, an déi drëtt Sektioun vu 6,6 Kilometer verleeft da vun Hengescht op Wäiswampech. D’Gesamtaarbechten solle 7 Joer laang daueren.