Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

MotoGP: Grousse Präis vu Japan: Jorge Martin wënnt am Reechaos vu Motegi

De Spuenier huet duerch seng Victoire säi Retard op de WM-Leader Francesco Bagnaia weider verkierzt.

De Spuenier Jorge Martin huet e Sonndeg de Moien eiser Zäit am Reechaos vu Motegi den Iwwerbléck behalen a säi Réckstand an der Lutte ëm de WM-Titel an der Motorrad-Kinneksklass MotoGP weider verkierzt. Den Ducati-Pilot huet de virzäiteg ofgebrachene Grousse Präis vu Japan virum Weltmeeschter a WM-Leader Francesco Bagnaia (Ducati) gewonnen. Am WM-Klassement läit de Martin, deen e Samschdeg schonn de Sprint gewonnen hat, sechs Coursse virum Enn vun der Saison nëmmen nach dräi Punkten hannert dem Bagnaia.

Scho kuerz virum Depart hat et ugefaange mat Reenen. No 13 Ronne gouf d'Course ënnerbrach, ier se komplett ofgebrach ginn ass. Well méi wéi 50 Prozent vun der Distanz gefuer goufen, kritt de Gewënner Martin déi voll 25 Punkte fir seng drëtte Victoire an dëser Saison.

An der Moto2 gouf et een Doublé fir d'Honda-Team-Asia. Den Thailänner Somkiat Chantra huet zu Motegi souverän seng zweete Victoire a senger Karriär gefeiert. Säin Teamkolleeg a Lokalmatador Ai Ogura ass op déi zweete Plaz gefuer. Mat der drëtter Plaz huet de Pedro Acosta säi WM-Virsprong vergréissert.

An der Moto3 gouf et e Wiessel un der Spëtzt vum General. Mat der Victoire beim Grousse Präis vu Japan huet de Jaume Masia (Honda) d'Féierung iwwerholl. De Spuenier huet zu Motegi virum Ayumu Sasaki an dem Daniel Holgado gewonnen.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 J. Martin Pramac Ducati
2 F. Bagnaia Ducati Ducati 1.413
3 M. Marquez Honda Honda 2.013

Moto2

1 S. Chantra Kalex
2 A. Ogura Kalex 1.353
3 P. Acosta Kalex 3.080

Moto3

1 J. Masia Honda
2 A. Sasaki Husqvarna 1.546
3 D. Holgado KTM 1.602

De General

MotoGP

1. Francesco Bagnaia 319
2. Jorge Martin 316
3. Marco Bezzecchi 265

Moto2

1. Pedro Acosta 252
2. Tony Arbolino 202
3. Jake Dixon 159

Moto3

1. Jaume Masia 199
2. Ayumu Sasaki 193
3. Daniel Holgado 190