Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nach keng Spuer vum Affer: Passagéierin vu Croisièresschëff fält 75 Séimeile viru Mallorca an d'Mier

RTL

© AFP (Archiv)

Vun enger Passagéierin vum Croisièresschëff Azamara Quest feelt all Spuer, nodeems si an der Nuecht op e Sonndeg an d'Mier gefall ass.

Dat Ganzt ass ronn 75 Séimeile südëstlech vu Mallorca geschitt. Bis elo blouf d'Sich ouni Erfolleg.

De Kapitän vum Croisièresschëff huet Medieberichter no e Sonndeg de Moie géint 2 Auer d'Séinoutrettung zu Palma de Mallorca driwwer informéiert, datt eng Fra mëttleren Alters aus bis elo net gekläerte Grënn iwwer Bord gaangen ass. Passagéier u Bord haten de Virfall gesinn an direkt Alarm ginn.

Iwwer d'Identitéit vun der Fra ass bis elo näischt bekannt. D'Sichaktioun mat Booter an Helikopter blouf ouni Erfolleg bis elo.