Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nations League: Lëtzebuerg wëllt géint Litauen an d'Färöer Insele Punkte sammelen

E Samschdeg den Owend start d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp an d'Nations League.

Den éischte Rendez-vous ass a Litauen, ier et en Dënschdeg op de Färöer Insele weidergeet. Dono sinn d'Tierkei an d'Färöer Inselen am Stade de Luxembourg op Besuch.

Virschau Litauen - Lëtzebuerg / Reportage Gilles Tricca

D'Rees op Vilnius huet emol besser geklappt wéi beim leschten Deplacement virun 3 Joer, wou et jo e bëssi Panik am Fliger gouf wéinst enger Dampentwécklung. E Freideg ass de Vol awer ouni Problem verlaf, d'Preparatioun op dësen éischte Match awer net. Nieft der Blessur vum Olivier Thill, dee jo mat de Kräizbänner operéiert ginn ass, ass och nach déi vum Kapitän Laurent Jans derbäi komm. Donieft ass net all Spiller um selwechten Niveau wat d'Fitness ugeet. Den Nationaltrainer Luc Holtz hat deemno vill Kappzerbrieches.

"Et war atypesch, well verschidde Spiller hunn de 15. Mee opgehalen, anerer hunn den 22. Mee opgehalen, aneren den 29. Mee, déi eng hate vill Praxis, déi aner haten net vill Praxis. Mir sinn zanter Méint amgaangen, fir Pläng opzestellen, wie wéini wat soll maachen an dofir hu mir och éischter mat engem Grupp ugefaange mat trainéieren, wou mir och d'Trainingsintensitéit an de Volume eropgeschrauft hunn. Du lues a lues ass de Grupp ebe komplett ginn. Zil ass et einfach, datt jiddereen eenzel bei 100 Prozent déi Campagne ufänkt."

E Samschdeg den Owend gëtt och nach op engem syntheteschen Terrain gespillt, dee vun der aler Generatioun ass an dat gefält kengem.

Fir de President Paul Philipp ass d'Zil bei dësem duebelen Deplacement ganz kloer.

"Ech mengen haaptsächlech déi Géigner, déi zumindest op Aenhéicht sinn, wéi Litauen an och d'Färöer Inselen, fir do Punkten ze kréien. Mir hunn déi zwee éischt Matcher auswäerts bei deene Géigner, déi sech natierlech och bei eis eppes ausrechnen, dat däerf een net vergiessen, ier mir dann d'Tierken heiheem empfänken. Dofir mengen ech schonn, datt déi zwee éischt Matcher auswäerts extrem wichteg sinn, fir net onbedéngt mat 6 Punkten heemzekommen, mä fir mat Punkten heemzekommen."

Ustouss ass e Samschdeg den Owend um 18 Auer. Déi aner Partie aus dem Grupp heescht Tierkei géint d'Färöer Inselen.

D'Partie vun de Roude Léiwe kënnt Dir live um RTL ZWEE, op RTL.lu an um Radio suivéieren.