Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nations League: Lëtzebuerg wënnt mat 1:0 op de Färöer Inselen

Am zweete Match vun der Nations League konnt sech d'FLF-Formatioun duerch e Gol vum Gerson Rodrigues déi zweet Victoire sécheren.

Fir déi lëtzebuergesch Futtballnationalekipp stoung en Dënschdeg den Owend den zweete Spilldag an der Nations League um Programm.

Am Match géint d'Färöer Inselen gouf et fir Lëtzebuerg dobäi eng 1:0-Victoire. No enger ausgeglachener éischter Hallschent ouni Goler war an der Partie nom Säitewiessel e gutt Stéck méi lass. An der 67. Minutt gouf et fir d'Haushären eng Rout Kaart an nëmme siwe Minutte méi spéit dann en Eelefmeter fir d'Lëtzebuerger, deen den Gerson Rodrigues sécher verwandele konnt. Duerch eng weider Rout Kaart 10 Minutte viru Schluss stoung d'Ekipp vum Luc Holtz mat zwee Leit méi um Terrain, déi sech d'Féierung bis zum Schluss och net méi huele gelooss huet. Um Enn steet eng 1:0-Victoire an domat déi nächst dräi Punkten.

De Resumé vum Match

D'Lëtzebuerger Ekipp ass gutt an de Match gestart a konnt de Géigner an den Ufanksminutten ënner Kontroll halen. D'Ekipp vum Luc Holtz huet de Ball duerch déi eege Reie lafe gelooss an de Wee virun de Gol gesicht. Awer och de Géigner vun de Färöer Inselen huet sech mat der Zäit ëmmer nees an der Hallschent vun de Lëtzebuerger gewisen. No ronn 20 Minutten hate si e Stéck méi vun der Partie a sou ass et dann och zu enger éischter gudder Chance komm, bei där den Anthony Moris am Gol awer nach net an den Asaz misst.

Net all ze laang huet et awer gedauert bis sech de Spillverlaf rëm méi op d'Säit vu Lëtzebuerg verlagert huet. Den Danel Sinani hat  gläich zwee Mol kuerz hannerteneen eng gutt Chance op den 1:0. De Ball ass dobäi awer ee Mol knapps laanscht de Potto gaangen, an déi zweete Kéier gutt vum Golkipp paréiert ginn.

De Match huet sech mat enger Drockphas vun der FLF-Formatioun ëmmer méi a Richtung Paus beweegt. Éier et an d'Vestiairë sollt goen ass et dann awer nach eng Kéier kuerz opreegend ginn. De Schoss vum Gerson Rodrigues gouf mat der Hand vum Defenseur geblockt, ma duerch eng Abseitspositioun ass et keen Eelefmeter fir d'Lëtzebuerger ginn. No 45 Minutten ass et am Torsvöllur Stadion ouni Goler an d'Paus gaangen.

Déi bescht Zeenen aus der 1. Hallschent

No 45 Minutten ass et ouni Goler an d'Vestiairë gaangen.

Kuerz nom Säitewiessel huet de Potto dann d'Lëtzebuerger Féierung verhënnert. En deviéierte Ball hat de Wee am Strofraum bei den Gerson Rodrigues fonnt, ma de Schoss aus spatzem Wénkel ass net era gaangen. E puer Minutten drop war et dann eng weider Kéier den Gerson Rodrigues, deen no enger laanger Pass virum Golkipp stoung. Dëse krut de Ball awer nach mam Fouss just laanscht de Gol geleet.

Lëtzebuerg hat elo kloer méi vum Match an och déi besser Golchancen. An der 65. Minutt ass de Mathias Olesen dann eleng virum Golkipp zum Fale bruecht ginn. Den Arbitter misst net laang iwwerleeë fir den Defenseur vun de Färöer Inselen mat der Rouder Kaart vum Terrain ze schécken. D'Iwwerzuel huet de Lëtzebuerger natierlech voll an d'Kaarte gespillt a sou hu si weider Drock no vir gemaach.

Ronn 20 Minutte viru Schluss koum et dann zu engem Eelefmeter an domat och zu der 1:0-Féierung fir d'FLF-Formatioun, nodeems de Leandro Barreiro am Strofraum zum Fale komm ass. Den Gerson Rodrigues ass vum Punkt äiskal bliwwen an huet sou den éischte Gol vum Match markéiert. Déi vill schlecht Nouvelle fir d'Färöer Inselen sollten awer nach net eriwwer sinn. Zéng Minutte viru Schluss gouf et eng weider Rout Kaart, nodeems Sölvi Vatnhamar de Mathias Olesen mam Ielebou erwëscht hat.

Lëtzebuerg huet d'Partie an der Schlussphas ouni gréisser Problemer op en Enn bruecht a wënnt domat och den zweete Match an der Nations League mat 1:0 op de Färöer Inselen.