Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

"Nee Madamm Back": Fokus ass géint gedeckelt Index, OGBL hätt Partei falsch interpretéiert

"Nee Madamm Back", mat deene Wierder ass e Schreiwes vun der Partei Fokus un d'Adress vun der OGBL-Presidentin Nora Back iwwerschriwwen.

Den Onofhängege Gewerkschaftsbond hat dës Woch seng Analyse vun de Walprogrammer virgestallt. Dora wier d'Positioun vun der Partei vum Ex-CSV-President Frank Engel zum Index awer falsch interpretéiert ginn. Fokus wier géint e gedeckelten Index wéi de Jean-Claude Juncker en 2013 an d'Spill bruecht hätt an och dogéint Indextranchen ze verréckelen oder falen ze loossen. D'Partei schwätzt léiwer vun engem "sozialen" Index. Doduerch géing bei nidderege Paien 3 am Plaz 2,5 Prozent pro Indextranche bäikommen, en Taux, dee bis 100.000€ progressiv op 2,5 an da bis 250.000€ Joresakommes op 0 erofgeet.

PDF Schreiwes Fokus