Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ni méi e Platten: De Pneu vun der Zukunft gëtt net méi mat Loft opgepompelt

Mam NPT-Pneu brauch een net méi ze fäerten, dass een e Platte kritt, well et ass ee Pneu ouni Loft dran.

An Zukunft kann een dat Wuert "Platten" aus dem Dictionnaire sträichen, well da kritt ee kee Platte méi. De Pneu vun der Zukunft gëtt net méi einfach mat Loft opgepompelt, nee dat ass vill méi eng komplizéiert Struktur, déi de ronne Gummi a Form hält an en esou stabiliséiert, dass een domat fuere kann.

De Pneu vun der Zukunft gëtt et schonn haut an ass zum Deel hei zu Lëtzebuerg entwéckelt ginn. Hei zu Colmer-Bierg bei engem weltwäit bekannte Fabrikant vun de schwaarze Schlappen hu se de Pneu ouni Loft entwéckelt an doniewent den traditionelle Pneu och intelligent gemaach.

An déi Intelligenz stécht an enger klenger Dous, déi an de Pneu gepecht gëtt. An där klenger Dous sinn nieft Batterien e ganze Koup Chippen a Sensore verbaut.

Dat mécht de Pneu smart, Date fléissen an déi Date solle quasi d‘Strooss spieren. Well d’Computere rechnen domat aus, wéi vill Gripp de Pneu nach huet.

Hannert dem Chip am Pneu stiechen eng Abberzuel u Recheprozesser. Déi ginn entweder a Brochdeeler vun enger Sekonn un de Computer vum Auto geschéckt, fir dass dësen esou besser versteet, wat seng 4 Pneue maachen, dat hëlleft zemools dann, wann den Auto enges Daags vum selwen ënnerwee ass. Eng Partie Date ginn an d’Cloud geschéckt a fidderen do zum Beispill Algorithmen, déi engem weisen, wéi laang de Pneu nach hält an dat ännert jee no Fuerstil zum Beispill. Bei engem sportleche Fuerstil gi vill Pneuen drop, de Profil hëlt méi séier of. De Sensor ermëttelt, wéi eng Liewensdauer de Pneu nach huet, esou dass de Chauffeur säi Fuerstil upasse kann.

De Computer weess zousätzlech, wat fir een Typ vu Pneu um Auto ass, ob Wanter oder Summer zum Beispill. Wéi déi 4 Gummie sech beweegen, awer och de Rullwee, also de Moment, wou de Sensor de Buedem fir d’éischt beréiert an dee leschten Abléck, wou en de Kontakt mat der Fuerbunn erëm verléiert. Awer och d'Temperatur vum Pneu gëtt gemooss, wat och ee wichtegen Indicateur ass. Well de Gummi féx op Temperatur reagéiert an esou méi oder manner Gripp huet.

Flott soe se beim amerikanesche Pneueproduzent. Well den intelligente Pneu zemools bei Flotten, also engem Koup Gefierer, wéi bei enger Logistikfirma zum Beispill hëllefe kann. Zum enge fir ze kucken, wéi vill an ob richteg geluede ginn ass, well dat gëtt vun all Pneu eenzel ugewisen, a fir ze kucken, wéini de Profil um Enn ass an de Pneu ersat muss ginn.

Niewent dem smarte Pneu hunn d‘Ingenieuren och de Pneu ouni Loft entwéckelt. De sougenannten NPT, Platten adee. NPT steet fir Non-pneumatic-tire. An d’Schwieregkeet, wann ee keen Drock méi am ronne Gummi huet, ass, dass en net einfach platt um Buedem läit, mee dat ganzt Gewiicht vum Auto, Camion oder Trakter droe kann.

Dat nenne se da Maintenance Free, well e sech vill manner ëm den NPT këmmere muss, wéi dat bei engem traditionelle Pneu de Fall ass. 3 Mol méi Kilometer packt een esou. Nohaltegkeet spillt dobäi och eng grouss Roll. Hautdesdaags fléien déi ofgelafe Gummien an d’Feier, bei der Zementindustrie als Beispill huele se se als Energiequell, fir den Uewen un d'Brennen ze kréien. An dat schléit sech natierlech an der CO2-Bilanz néier. De Pneu ouni Loft kann allerdéngs zu engem groussen Deel recycléiert ginn, dat bedéngt duerch säin Opbau.

De Pneu ouni Loft besteet aus 3 verschiddenen Elementer. Vu baussen no banne fënnt een do als éischt d‘Scheerband, wat näischt anescht wéi de Gummi ass, deen och profiléiert ass, duerno kënnt eng Struktur, déi d’Gewiicht dréit awer och iwwer de ganze Pneu verdeelt, an an der Mëtt ass d’Felg. Re-Treaten kann een en och. Den Term aus dem Pneuejargon heescht am Fong een neie Profil op de Pneu maachen. Wat haut scho bei de Camionen Usus ass.

Rieder ouni Loft gouf et schonn ëmmer, denkt een do un den Zuch oder bei den éischte Kilometer vum Otomobil si se op Holz gefuer a spéider mat Vollgummi. Do bleift de Komfort awer op der Streck, well all klengt Lächelchen direkt un d’Fuerwierk weidergeleet gëtt. Ouni Loft am Pneu ze fueren, soll sech am beschte Fall esou ufillen an och unhéiere wéi bei der gewinnter Traktioun. Do ass bei dësem Prototyp awer nach vill Loft no uewen. Well dat, wat zu Colmer-Bierg presentéiert ginn ass, ass just ee Prototyp. An 10 Joer soll et esouwäit sinn, dass een de Pneu ouni Loft da kafe kann. Haut fuere se awer schonn am klengen, beim Startup Starship, do ginn d‘Akeef oder d’Pizza mat engem klengen autonome Roboter bis heem geliwwert.