Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No dräifachem Mord zu Rotterdam: Parquet soll Universitéitsklinik scho viru Méint virum Täter gewarnt hunn

No dräifachem Mord zu Rotterdam

Dräi Mënschen huet en 32 Joer ale Medezinsstudent en Donneschdegowend zu Rotterdam erschoss. De Parquet soll scho viru Méint virun him gewarnt hunn.

Dat huet den Direkter vun der Unisklinik, wou den Täter diploméiere wollt, e Freideg confirméiert. Deemno soll de Parquet drop opmierksam gemaach hunn, datt den 32 Joer ale Mann an der Vergaangenheet duerch e "beonrouegend" a "psychotescht" Verhalen opgefall wier. Et soll deemno Videoopname ginn, op deenen ze gesinn ass, wéi hien hallefplakeg op engem Koup Laf läit a manesch laacht. Och sollen op sengem Handy Biller vu Gewaltdoten a rietsextreem Propaganda fonnt gi sinn.

An enger Mail un d'Universitéitsklinik soll ee Procureur deemno an dem Kontext geschriwwen hunn: "Ech huelen un, datt dëst Är Decisioun beaflosse wäert, ob hie fir de medezineschen Diplom a Fro kënnt".

Wéi et vun der Klinik heescht, soll den Täter all seng Exame bestanen hunn, trotzdeem hätt een d'Warnungen eescht geholl an eng entspriechend psychiatresch Ënnersichung ordonéiert, dës war awer nach net ofgeschloss. Dee fir d'Zouloossung als Dokter noutwennegen Diplom hätt hien deemno och nach net kritt.

Den 32 Joer alen Täter, e Student vun der Erasmus-Universitéit, huet Policeinformatiounen no en Donneschdeg seng 39 Joer al Nopesch an hir 14 Joer al Duechter erschoss. Duerno ass hien an en Auditoire vun der Unisklinik agedrongen an huet do een 43 Joer alen Dozent erschoss. Op béide Plazen huet en ausserdeem Feier geluecht, dës konnten awer séier vun de Pompjeeë geläscht ginn.

Den Täter, deen eng kugelsécher West gedroen hat, huet sech ouni Widderstand festhuele gelooss. E Motiv huet e bis ewell net genannt. Hien ass an der Vergaangenheet schonn eemol wéinst Déierequälerei verurteelt ginn, well en dobäi gefilmt gouf, wéi hie säi Kanéngche quäält.